D’Geriicht hat eigentlech decidéiert, datt d’Kënnegung net legal war an de Mann dowéinst erëm misst integréiert ginn.
Am Bréif soen déi ronn 20 Mataarbechter, si hätten Angscht do virdrun, well si fréier vun der Persoun ënner Drock gesat gi wieren. D’Buergermeeschterin Marion Zovilé-Braquet (CSV) seet op Nofro hin, de Gemengerot hätt de Bréif och kritt. Si hätt virdrun näischt dovu gewosst. Den OGBL hat de Moie scho kritiséiert, datt de Mann bis elo net a säin ale Service reintegréiert gouf, mee nom Geriichtsurteel e Congé extraordinaire vun der Gemeng krut. Dat heescht, hie gëtt bezuelt ouni ze schaffen. An der Gemeng Conter ginn et zënter dem leschte Joer géigesäiteg Reprochë vu Mobbing an toxeschem Aarbechtsklima.