Do gouf iwwer déi nei ëffentlech Etablissementer geschwat. D‘CGFP hätt do gäre kloer Krittären, datt d‘Mataarbechter:inne vun deenen établissements-publicen den ëffentlech-rechtleche Statut misste kréien. Ausléiser waren zwee nei Etablissementer am Gesondheetsberäich.
D‘CGFP hat Ufanks Februar dowéinst de Conciliateur ageschalt. Well d‘Gespréicher mat der Regierung ganz konstruktiv gewiescht wieren, a si d‘Fuerderunge vun der CGFP och gréisstendeels wéilt ëmsetzen, géif een d‘Schlichtungsprozedur bis op Weideres roue loossen.