Radioen

On air

Mëttesrascht  |  La Femme - Venus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ War de Licenciement vun zwee Mataarbechter vun der Gemeng Contern berechtegt oder net?

Aarbechtsgeriicht

War de Licenciement vun zwee Mataarbechter vun der Gemeng Contern berechtegt oder net?

War de Licenciement vun zwee Mataarbechter vun der Gemeng Contern berechtegt, oder gouf et wéinst der toxescher Atmosphär an der Gemeng an dem Ëmstand, datt ee vun den zwee Mataarbechter bei der ITM en Harcèlement moral denoncéiert hat, Repressalien? Där Fro muss d’Aarbechtsgeriicht nogoen, nodeems déi Betraffe géint hier Kënnegung geklot hunn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© unsplash play_arrow
(Foto: unsplash)

Viregt Woch hat den Affekot vun de Licenciéierte plädéiert, d'Entloossung vu sengem Mandant misst annuléiert ginn, well et keng Deliberatioun vum Schäfferot gëtt. Donieft géif fir säi Mandant Kënnegungsschutz bestoen, well deen eebe grad Harcèlement moral denoncéiert hätt.

Affekotin vun der Gemeng Contern: Licenciement ass rechtskräfteg

Fir d'Affekotin vun der Gemeng Contern ginn et awer keng Zweiwel drun, datt de Licenciement en bonne et due forme ofgelaf wier, mat engem Virgespréich an engem ageschriwwene Bréif. Datt de Mann net d'Affer vun Harcelement gi wier, mee selwer op der Gemeng eng 20 Leit krank gemaach hätt duerch säi Behuelen, dat hätt déi onofhängeg Enquête, déi d’Gemeng gemaach hätt, kloer gewisen. Eng sëllege Mataarbechter wieren do gefrot ginn, an de Constat wier eendeiteg gewiescht, de Mataarbechter hätt der Buergermeeschtesch duerch falsch Behaaptunge wëlle schueden.

Datt et sech bei der Entloossung net ëm eng Repressalie géif handelen, mee ëm eng Decisioun, déi op Fakte baséiert, dat géif eleng den Ëmstand weisen, datt d'Entloossung op dräi verschiddene Motiver géif baséieren. Dozou gehéiert ënner anerem dat onbegrënnt Denoncéieren, Denoncéiere vun der Buergermeeschtesch, datt si de Mann vu virera wéilt entloossen, an datt d'Buergermeeschtesch de Mann ëffentlech denigréiert hätt. Alles dat géif esou net stëmmen, esou d'Affekotin vun der Gemeng.

Alex Penning: System, an deem all kritesch Stëmm sollt roueg gestallt ginn

Aner Froen de Mëttwoch hunn d'Zoustännegkeet vum Geriicht betraff an d'Onofhängegkeet vun der Etüd, déi am Optrag vun der Gemeng realiséiert gouf. Hei wier de Bock zum Gäertner gemaach ginn, esou de Maître Alex Penning. Hien huet an deem Kontext vun engem System op der Gemeng Contern geschwat, an deem all kritesch Stëmm sollt roueg gestallt ginn.

D'Urteel an dëser Affär gëtt den 11. Mäerz gesprach.

Lauschterenplay_arrow