Enquêteure vun der Police judiciaire hunn ënner anerem op d’Ausso vum fréiere Policegeneraldirekter Pierre Reuland verwisen, dee sengerzäit zu der Enquête sot: "Dir kommt bis op e gewëssene Punkt, an dann ass Schluss."
Deen aneren héijen Ex-Responsabele vun der Gendarmerie, de Guy Stebens, hat iwwerdeems erkläert: "Et ass immens schwéier, fir als Éischten iergenden Numm ze nennen."
E Saz, dee "schlecht ausgedréckt" war
Dem haut 65 Joer ale Guy Stebens ginn am Ganzen 19 Falschaussoen am 1. Prozess virgehäit. Ënner anerem hätt hien, esou den zoustännegen Enquêteur vun der PJ, wat méiglech Täter aus den eegene Reien ugeet, éischter un e Maulef geduecht: Insider als Auteure vun den Attentater wiere fir hie keng Prioritéit gewiescht.
No der Sëtzung sot de Me Pierret, Affekot vum Guy Stebens, datt deem säi Saz schlecht ausgedréckt war. Säi Client hätt dat guer net wëllen esou soen.
"Hien ass e puermol gefrot ginn, fir eng Ausso ze maache mat engem Numm, an hie wollt soen: 'Ech weess keen Numm an ech kann Iech keen Numm mellen'. Méi war och doraus net ze zéien. De Saz war net gutt gedréint. Dofir kritt hien dat och all Kéiers ëm d’Ouere geschloen."
De Pierre Reuland hätt "seng Meenung gesot"
33 Falschaussoe ginn dem haut 67 Joer ale Pierre Reuland zur Laascht geluecht, woumat hie souzesoe Spëtzereider vun den neie Beschëllegten ass.
Der zoustänneger deemoleger Enquêtrice vun der PJ no wëllt den Ex-Policechef seng Ausso zur initialer Enquête gemaach hunn, datt déi emol op en Enn kéim. Fir säin Affekot, de Me Assa, hat de Pierre Reuland d’Iwwerzeegung, d’Bommeleeër kéime vu ganz héijem Niveau.
Wann da Joren dono géif gesot ginn, dat géif bis op e gewëssene Punkt goen, an da wier Schluss, da wier dat eng Meenung, "déi sech verteidegt, ne, an déi net onbedéngt dorop hiweist, datt een elo am Hannergrond méi weess. Eppes: E grousst Wuert hei war jo, et ass jo och haut zegmol gefall, 'eppes'."
Um Dënschdegmoie geet den zweete Bommeleeër-Prozess viru mat den Auditioune vun den éischten Ugekloten.