arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TikTok muss 530 Milliounen Euro Strof bezuelen

Irland

|
headphones

1 min

TikTok muss 530 Milliounen Euro Strof bezuelen

Wéinst Verstéiss géint den europäeschen Dateschutz muss d’Plattform TikTok eng Strof vu 530 Milliounen Euro an Irland bezuelen.

headphones

1 min

TikTok | ©  Solen Feyissa / Unsplash
TikTok (Foto: Solen Feyissa / Unsplash)

Hannergrond ass d’Weiderreeche vun Donnéeën u China, esou déi iresch Dateschutzautoritéit.

TikTok hätt géint europäesch Dateschutzreegele verstouss, well d’Entreprise europäesch Notzerdaten u China weidergeleet hätt, an och géint Transparenzufuerderunge verstouss hätt.

D’Plattform TikTok muss elo d’Milliounestrof bezuelen a seng Dateveraarbechtung bannent sechs Méint esou upassen, datt se de Reegelen entsprécht.

Notzerdaten a China gespäichert

D’Entreprise hat am Abrëll ënnert anerem zouginn, a limitéiertem Mooss Notzerdaten op Serveren a China gespäichert ze hunn.

TikTok kann Appell géint d’Decisioun an Irland maachen.

TikTok ass mat senge kuerze Videoen eng vun de beléiftste Social-Media-Plattformen. D’App gehéiert zum chineesesche Konzern Bytedance.