Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10 Tattoo-Faarwen aus dem Verkaf geholl 

Ëmweltverwaltung

10 Tattoo-Faarwen aus dem Verkaf geholl 

D’Ëmweltverwaltung (AEV) huet e Verkafs- a Verwendungsverbuet fir 10 verschidden Tattoo-Faarwen erlooss, sou heescht et an engem Communiqué. D’Administratioun berifft sech op dat geännert Gesetz vum 16.Dezember 2011. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa-Zentralbild | Stephan Schulz
(Foto: picture alliance / dpa-Zentralbild | Stephan Schulz)

D‘Lëscht vun de Faarwen a Marken, déi betraff sinn, fënnt een ënner emwelt.lu. Clienten, déi sou Faarwen doheem hunn, si gebieden, déi och net méi ze benotzen an d‘Geschäft, wou se se kaaft hunn, ze kontaktéieren. All Artikel wier vum europäesche Warnsystem “Safety Gate” gemellt ginn. 

Déi betraffe Faarwe sinn:

  • Dynamic - Ultra White
    (EAN 5056419518501, batch WUL 020124 D1)
  • SUPER - Totem Black
    (Batch RD26Y5)
  • Quantum - Bitchin Black
    (EAN 0616943296433, batch 2411)
  • Quantum - Cookie Monster
    (EAN 0616943299861, batch 2411)
  • RADIANT - Evolved Lyon Blue
    (Batch 01)
  • World Famous Limitless Tattoo Ink - Medium purple 1 v2
    (EAN 840058828818, batch 242006R)
  • World Famous Limitless Tattoo Ink - Medium Blue 1 v2
    (EAN 840058828689, batch 240107R)
  • World Famous Limitless Tattoo Ink - Dark Green 2
    (EAN 840058827767, batch 242006R)
  • World Famous Limitless Tattoo Ink - Light Green 1 v2
    (EAN 840058828368, batch 200404R)
  • Tattoo Ink, Model: SNDE-1
    (Batch 20240801001)