
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Retromania
Episoden


August Wilhelm Iffland: Eng däitsch Theaterlegend
Virun 265 Joer koum mam August Wilhelm Iffland ee gréissten däitschen Theaterleit op d'Welt. Säi Numm steet nach haut fir ee vun de renomméiertsten Theaterpräisser, den Iffland-Rank.

Bernd Eichinger: E Passionnéierte vum Film
Deen däitschen Hollywood-Produzent Bernd Eichinger hätt muer (11.4.) 75 Joer kritt.

Johannes Mario Simmel: E Vertrieder vum realistesche Roman
De Bestsellerauteur, deen dacks an den Eck vun der Trivialitéit gedréckt gouf, hätt de leschte Sonndeg 100 Joer kritt.

Christoph Hein: Dee scheien a rougen Auteur
Deen däitsch-däitschen Auteur Christop Hein, deem säi leschte Roman “Unterm Staub der Zeit” 2023 erauskoum, kritt haut (8.4.) 80 Joer.

ABBA-Victoire beim ESC
Haut op den Dag viru 50 Joer, de 6. Abrëll 1974 huet déi schweedesch Popgrupp ABBA den Eurovision Song Contest gewonnen an domadder d‘Basis fir hir Weltkarriär geluecht. An dat hätt kéinten 1974 hei zu Lëtzebuerg sinn.

Jacques Brel: Eng Inspiratiounsquell fir déi franséisch Chanson
Den 8. Abrëll hätt de Jacques Brel 95 Joer kritt. Hien ass den 9. Oktober 1978 am Alter vun net emol 49 Joer u Longekriibs gestuerwen.

Peter Ustinov: En aussergewéinleche Kënschtler a groussen Humanist
Den Acteur, Humanist a grousse Mënsch Peter Ustinov ass den 28. Mäerz 2004 am Alter vu bal 83 Joer gestuerwen.

Urs Widmer: Den Dramatiker an Romanauteur
De Schwäizer Auteur Urs Widmer ass den 2. Abrëll 2014, virun zéng Joer also, am Alter vu 75 Joer gestuerwen.

Roberto Ciulli: Déi lieweg Theaterlegend
Deen italieeneschen Theaterregsiseur a Papp vum Grënner vum Theater an der Ruhr zu Müllheim krut den 1. Abrëll 90 Joer.

Viru 55 Joer war d'Bed-In-For-Peace-Aktioun
Viru 55 Joer louchen den John Lennon an d‘Yoko Ono zu Amsterdam mat hire Bed-In-For-Peace-Aktioun eng Woch laang fir de Weltfridden am Bett.

Nat King Cole: Den "Unforgettable" Artist
E grousse Museker mat enger aussergewéinlecher Stëmm

Joe DiMaggio: Sportlerlegend a Mythos vun der Popkultur
Den 8. Mäerz 1999, viru 25 Joer, ass d’Baseball-Legend am Alter vun 85 Joer gestuerwen. Hien hält zanter iwwer 80 Joer e Rekord.

Yehudi Menuhin: E grousse Museker, Humanist a Philantrop
Nächsten Dënschdeg sinn et genee 25 Joer, datt den Ausnamemuseker an Dirigent am Alter vun 82 Joer zu Berlin gestuerwen ass.

Glenn Miller: De Papp vum Swing
De Museker gouf virun 120 Joer gebuer. Mat 40 Joer koum hie bei engem Fligeraccident iwwer dem Äermelkanal ëm d'Liewen.
