
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Retromania
Episoden


FSK: E Film vu wéi engem Alter un?
Zanter 1949, also schonn 75 Joer, kontrolléiert d’FSK, d’Freiwillige Selbstkontrolle der Filmwirtschaft an Däitschland, fir wéi en Alter e Film am Kino oder op anere Supporte fir Kanner oder Jugendlecher erlaabt ass.

Emil Berliner: De Papp vun der Schellacks-Plack
Den Erfinder vum Grammophon a vun der Schellacks-Plack a Grënnungsmember vun der Deutschen Grammophon, den Emil Berliner, ass viru 95 Joer am Alter vun 78 Joer zu Washington gestuerwen.

Manson-Mäerderei: Synonym vum Béisen
De Satanist a Sekteleader Charles Manson huet viru 55 Joer Membere vu senger “Family” ugestiwwelt Mënschen, ënner hinnen déi héich-schwanger Actrice Sharon Tate, dout ze maachen.

Ronald Biggs: Vum Brigang zur Legend
Ee vun de Brigangen, deen 1963 beim Great Train Robbery derbäi war, kréich haut (8.8.) 95 Joer.

Colette: Eng fräi an emanzipéiert Schrëftstellerin
D’Colette, eng vun de bedeitendste Schrëftstellerinne vum 20. Joerhonnert, ass 1954 viru 70 Joer am Alter vun 71 Joer gestuerwen.

Richard Burton: Tëschent Konscht an Tragedie
Ee vun de beschten Acteure vum 20 Joerhonnert ass viru 40 Joer gestuerwen ass.

Virun 80 Joer gouf d’Anne Frank an hir Famill vun den Nazien zu Amsterdam gefaange geholl ...
... a koum an e Konzentratiounslager, wou dat jonkt Meedche kuerz virun der Liberatioun gestuerwen ass.

Henri Cartier-Bresson: E grousse Fotograf vum 20. Joerhonnert
Den Henri Cartier-Bresson, ee vun de bedeitendste Fotografe vum 20. Joerhonnert ass den 3. August 2004, virun 20 Joer deemno, am Alter vu 95 Joer gestuerwen.

Wes Craven: De Horror-Spezialist
Haut (2.8.) gëtt un dem amerikanesche Cineast, Acteur a Zenarist Wes Craven säi 85. Annversaire am Retromania geduecht.

Oskar Negt: E fräien a kritesche Geescht
Dee fréieren emeritéierte Professer op der Leibnitz Universitéit zu Hannover, de Soziolog a Philosoph Oskar Negt, hätt haut um 1. August 90 Joer kritt.

Louis de Funès: Den nervös-wibbelegen Acteur
Haut (31.7.), virun 110 Joer, koum den Ausnamekomiker a groussen Acteur Louis de Funès zu Courbevoie, net wäit vu Paräis, op d’Welt.

Peter Zadek: En Theaterrevolutionär
Dee groussen Theaterregisseur Peter Zadek ass viru 15 Joer am Alter vun 83 Joer zu Hamburg gestuerwen.

Newport Jazz Festival: Zanter 70 Joer e Must
Den Newport Jazzfestival goung viru 70 Joer eng éischte Kéier iwwer d’Bün. D’nächst Woch vum 2.-4. August ass et erëm esou wäit.

D'Peace-Zeechen
D'Peace-Zeechen ass eent vun de bekanntsten Zeechen op der Welt. Mee wou kënnt et hier?

Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?
Haut (26.7.) ass den Optakt vun den 33. Olympesche Spiller zu Paräis.

Wat ass e Walkman?
Viru 45 Joer koum de Walkman international op de Maart. Eng Innovatioun, e Kultobjet, dee Millioune vu Leit markéiert huet, an deen der haut net méi vill kennen.

"The Lord of the Rings", e Klassiker vun der High Fantasy
Dem J. R. R.Tolkien säi Meeschterwierk “The Lord of the Rings” gouf am August 1954, viru 70 Joer also, eng éischte Kéier editéiert.

E spektakuläre Vol an der Kunsthalle Schirn
D’Kunsthalle Schirn gouf bekannt duerch dee spektakuläre Vol vun Tableaue vum William Turner a Casper David Friedrich, an dat sinn ewell schonn 30 Joer hier.
