arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon

S: Wéi ee Wuert hues de haut matbruecht?

C: Ech hu jo och en Häerz fir aner Wuertaarten. Haut schwätze mer iwwer 'déi'.

S: Wat ass 'déi' da fir e Wuert?

C: Ma 'déi' ass en Artikel. A wéi mer dee benotzen, dat gesi mer haut. 'Déi' ass e bestëmmten Artikel am Lëtzebuergeschen, dee mer benotze fir zum Beispill Substantiver am Pluriel: déi Geschichten, déi Saachen, déi Kanner, déi Bicher. Oder och en Artikel am Femininum Singulier: déi Kaz, déi Forschett, déi Geschicht, also alles wat eng Kaz, eng Forschett, eng Geschicht ass, kritt de Femininum-Artikel 'déi' oder och bei Relativpronomen "déi Kaz, déi ech gesinn hunn" oder "déi Bicher, déi ech gelies hunn" oder "déi Forschette, déi do läit".

S: Déi ass also ëmmer Femininum?

C: Jo, oder Pluriel. Wa mer elo séier schwätzen, da soe mer einfach 'déi': déi Kaz, déi Kanner, déi Woch, déi eng, déi aner. Awer wa mer séier schwätzen, soe mer net 'déi eng, déi aner', mee mir soen 'di eng an di aner'. Déi gëtt zu di.

S: Geschitt dat och op anere Plazen?

C: Jo, tatsächlech hu mer och den 'wéi', kann och gekierzt ginn zu 'wi'. Also Interrogativpronome 'wéi', wéi geet et dir, kann och geschwat ginn: Wi geet et dir.

Oder ech hu ganz heefeg, dass d'Leit soen "wisou" oder "souwisou". Am Fong wier et jo wéi-sou oder sou-wéi-sou. Mee hei ass natierlech och nach eng Kéier den Afloss vum Däitsche vläicht sowieso, dass mer deen esou huelen. An d'Offolleg Ou-I-Ou ass natierlech méi einfach wéi Ou-ÉI-Ou, grad wann et an engem Wuert ass. A mer hätten och den 'wéi' zu 'wi', dee benotze mer ganz vill, och a Vergläicher: Ech si sou grouss wi s du.

Dat ass natierlech den "wéi s du", geschwat "wi s du". An ech ka mer virstellen, dass dat schwiereg ass fir Leit, déi d'Lëtzebuerger Sprooch léieren, well déi léieren natierlech d'Form 'wéi', héieren se awer och ganz oft geschwat 'wi'.

Oder se léieren d'Form 'déi' an héiere ganz oft 'di, di eng, di aner'. An do ass et esou, dass mer déi orthografesch net mat I kënne schreiwen, mee ëmmer mat "éi", och wa mer se "i" schwätzen.

S: Ouni Ausman?

C: Ausser bei der Form "souwisou" oder "wisou", déi ass optional mat "éi" oder mat "i".

A wéi sees du beim 'déi'? Hues du d'Gefill, dass de éischter "éi" oder "i" sees bei "déi"? Oder kënnt et op de Kontext un?

S: _____

C: Insgesamt si mer hei genee a mengem Expertis-Feld, well et geet ëm Grammaire, well et e bestëmmten Artikel ass, an et geet ëm Orthografie, well et drëm geet, dass mer ganz oft genee esou schreiwen, wéi mer schwätzen, mee am Fall vun DI a WI schreiwe mer eeben net, wéi mer schwätzen, mee mer hunn déi nach mat "éi" an der Vollform. Awer och wann ech d'Saachen eenzel a lues ausschwätzen, also am Lento, géifen déi meescht Leit ÉI soen. Also déi géifen da lues geschwat net soen 'di _ Kaz', mee se géifen da soen 'déi _ Kaz'.

S: Lues geschwat heescht "lento"?

C: Genee, wéi an der Musek, an déi séier geschwat Form, also den DI oder WI, dat ass Allegro. Déi gekierzt Formen hunn och eppes Praktesches.

S: Wéi mengs de dat?

C: Ech perséinlech benotze beim SMS-Schreiwen dann och gär WI oder DI: "di Woch drop", well wann ech schreiwen "déi Woch drop", da muss ech den Accent aigu um Clavier siche goen. Also heiansdo huet dat och einfach ganz praktesch Grënn, da muss et séier goen.

S: Awer dat ass net offiziell erlaabt, sos de?

C: Also privat ass een natierlech fräi, mee et si keng offiziell Formen. Et kann een iwwerleeën, ob dat iergendwann och als orthografesch Variant soll opgeholl ginn. Ech kann dat jo eng Kéier an d'Gespréich bréngen an enger vun den nächste Sëtzungen.

S: Gëtt et dann do ëmmer Diskussiounen?

C: A jo, et gëtt e Conseil beim ZLS, an deem ech och sinn, wou iwwer d'Lëtzebuerger Orthografie geschwat gëtt, wann d'Beispiller am aktuelle Reegelwierk vläicht net eendeiteg sinn oder wann nei Reegelen derbäi komme sollen oder nei Ergänzungen, well deemol vläicht nei Wierder optauchen oder méi Onsécherheeten entstinn.

S: Dann hal eis gär um Lafenden! An elo soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi hues.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Landkaart

Et geet ëm Päiperleken, Betounungen a Flilleken.
headphones

4 min

play_arrow

Goût

Et geet ëm Inselen, Reformen a franséisch Hittercher
headphones

4 min

play_arrow

Zäitchen

An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi just esou maachen, wéi wa se kleng a léif wieren.
headphones

4 min

play_arrow

Luxemburgistik

Wat steet eigentlech hanner de Wierder mat -istik, a wéi si si an der Luxemburgistik gelant?
headphones

4 min

play_arrow

Uhrzeigersënn

Haut dréit sech alles ëm den Uhrzeigersënn a Wierder, déi mer aus anere Sproochen iwwerhuelen
headphones

4 min

play_arrow

Witzbold

Haut geet et ëm d'Fro, wien eigentlech de '-bold' am 'Witzbold' ass
headphones

5 min

play_arrow

Witz

Dir kennt bestëmmt deen een oder anere Witz, meewësst Der och, wouhier d'Wuer 'Witz' kënnt?
headphones

5 min

play_arrow

Dosen

Wouhier kënnt dat Wuert? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.
headphones

4 min

play_arrow

Minnech

Wësst Dir, wat e Minnech ass? Dir gëtt et hei gewuer.
headphones

4 min

play_arrow

léif

Et geet ëm d'Schreifweis an och ëm Urieden an der E-Mail.
headphones

5 min

play_arrow

Laser

Et geet ëm Ofkierzungen, déi awer ausgesi wéi normal Wierder.
headphones

5 min

play_arrow

Äddi

Dës Kéier kucke mir op Abschidsformelen, déi bal alleguer eppes mat Gott ze dinn hunn. Donieft gëtt et och nach e Schreiftipp.
headphones

4 min

play_arrow

Jean/Jang

Et geet ëm franséisch Wierder, déi eppes verléieren, a lëtzebuergesch Virnimm, déi eppes bäikréien.
headphones

5 min

play_arrow

Uhu

Et geet ëm grouss Vullen, Pech, de Grand-Duc a Lautmolerei.
headphones

4 min

play_arrow

hott an har

Saache leien hott an har, Leit fueren hott an har. Mee wat heescht eigentlech 'hott' a wat heescht 'har' a wat huet dat mat engem Plou ze dinn?
headphones

4 min

play_arrow

gäil

Et geet hei ëm d'Wuert “gäil” a seng Bedeitungen, well d'Nuance vu gäil ännert, ob een elo vun engem gäilen Typ oder engem gäilen Dessert schwätzt. Donieft geet et och ëm e gäile Buedem am Duden.
headphones

10 min

play_arrow