Arty Party
Karolina Markiewicz
60 min
D'Karolina Markiewicz huet politesch Wëssenschaft, Philosophie an Theater studéiert a schafft als Regisseurin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin an Enseignante. Si schafft eleng, oder an Zesummenaarbecht mam Silvia Costa, Yuko Kominami, Kevin Muhlen, Ásta Sigurdardottir, Romeo Castellucci a besonnesch mam Kënschtler Pascal Piron.
“Mos Stellarium”, ee Film vum Duo zur europäescher Flüchtlingspolitik, gouf 2015 ausgewielt fir Lëtzebuerg op der 56. Konschtbiennale zu Venedeg ze vertrieden; “Fever”, eng vun hire VR-Experiences war um Arles Festival an der Selectioun a gouf 2020 am Louvre gewisen. “Sublimatioun”, eng VR-Zesummenaarbecht mat der Yuko Kominami an dem Kevin Muhlen, gouf ausgewielt fir déi 76. Mostra. Hiert lescht Wierk, “The Living Witnesses”, ass en Documentaire a Spillfimlängt iwwer d’Konfrontatioun tëschent der jonker Generatioun an der Schoah.
Ee Gespréich iwwer d’Sujeten an der Karolina Markiewicz hirer Konscht; eng kommend Zesummenaarbecht mat hirem Brudder Filip Markiewicz; d’Kulturënnerstëtzung zu Lëtzebuerg, a villes méi …