Arty Party
Sarah Mandres
60 min
D‘Sarah Mandres huet schonn ëmmer Konscht gemaach, schafft awer och als Sozialaarbechterin. Si moolt abstrakt, och wann eemol déi eng oder aner verfriemte warholianesch Banann erafléie kann, mat Acryl op Toile. Si hat hir éischt Ausstellung zu Buerglënster just virun der Pandemie. Den Escher Theater, D‘Epicerie, Bloom, an d’Metzerschmelz ware weider Statioune fir hir Wierker.
De Marc Clement huet mat der Kënschtlerin iwwer hir Konscht geschwat - an iwwer Musek. Fir den Donneschden Owend (8.8.) huet d‘Sarah Mandres nämlech eng Playlist curatéiert, a mir lauschteren zesummen e puer Auszich.
Presentéiert vum
- Marc Clement