Sot Emol
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course
56 min

Sport gehéiert sécher zu den Haaptfräizäitbeschäftegunge vläicht esouguer op der ganzer Welt, aktiv oder awer och passiv. Well Sport jo och an de Medien extreem vill consomméiert gëtt.
Ënner de ville Sportler:innen op der Welt, an och zu Lëtzebuerg, stiechen der eng Partie eraus, resp. ginn et der, un déi ee sech ëmmer nees gären erënnert. Dozou gehéiert ganz bestëmmt och d’Liichtathleetin Danielle oder Dany Kaber.
Den 23. September 1988 am südkoreanesche Seoul war ganz sécher een oder den Highlight an der Leeferin hirer Karriär, dat war den Dag vum Olympesche Marathon bei den Olympesche Summerspiller zu Seoul, wou d’Athleetin dunn an enger Zäit vun 2 Stonnen 29 Minutten an 23 Sekonnen als Siwent iwwer d’Arrivée gelaf ass, eng enorm Leeschtung. Natierlech war dës Zäit och Lëtzebuerger Landesrekord, e Rekord, dee bis haut steet. Beandrockend ass och, datt d’Dany Kaber am Fong dat selwecht Joer wéi d’Olympesch Spiller, nämlech 1988, iwwerhaapt eréischt hiren éischte Marathon zu Hamburg gelaf ass. Grad esou wéi den nationale Rekord am Marathon hält d’Dany Kaber och nach ëmmer d’Rekorder iwwer 5.000 an 10.000 Meter, iwwer de Semi-Marathon an nach anerer.
A wéi wichteg der Leeferin hir Performancë ware weist och, datt si 1985, 1986 an 1988 zur Sportlerin vum Joer gewielt gouf.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"
De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter
Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller

Dat dierf ni méi geschéien!
Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur
De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo
No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem
Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course
D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen
Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière
D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel
D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch
Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.

Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"
Mat vill Engagement, Talent an och Passioun ass dës Actrice amgaange sech an der Schauspillwelt ze etabléieren. Si ass vill zu Paräis, mee huet sech och schonn op Lëtzebuerger Büne gewisen a bewisen.

Aly Bintz: E léiwe Männchen
De Lëtzebuerger Acteur a Sänger Aly Bintz ass virun 20 Joer am Alter vun nëmme 75 Joer gestuerwen. Mir erënneren un dëse Lëtzebuerger Entertainer.

Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown
De Gesondheets-Clown Joe Del Toe ass den Invité bei Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem
Den aktuellen Directeur technique vum COSL Raymond Conzemius ass den Invité beim Jeam Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"

Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent
Den Dirigent an Directeur musical vum Cercle symphonique vu Rëmeleng Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.

Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen
Den Invité ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren.
