Wéi kann et eigentlech ëmmer erëm dozou kommen, datt autoritär a repressiv Regimmer an der Gesellschaft Fouss faassen? D'Institut für Sozialforschung (1929 zu Frankfurt gegrënnt) huet sech mam Opstig vun den Nazie beschäftegt a besonnesch d'Vertrieder vun der Frankfurter Schule hunn déi ekonomesch, psychologesch a philosophesch Aspekter vun der Verflëssegung vun der Muecht ënnersicht, déi dozou geféiert hunn, datt d'Mënsche sech quasi fräiwëlleg den totalitären Iddien ënnerworf hunn.
Mam Nils Köbel, Soziolog a Professer fir Pädagogik, huet d'Nora Schleich d'Problemer mat der sougenannter "instrumenteller Vernunft" nogezeechent an iwwerpréift, ob déi rettend "kommunikativ Vernunft" net just en Idealbild ass.