D’Relioun an hire Géigestand: Mam Louis Berger (Redakter vu Kirche & Leben, Münster) schwätzt d’Nora Schleich doriwwer, wat Relioun eigentlech ausmécht. Wéini gëtt den einfache Glawen zur Relioun? A wat heescht et, wa Relioune sech eng institutionell Struktur ginn? Et geet ëm spirituell Erfarungen, genee esou wéi ëm de Problem vum diktéierten Dogma.
arrow_back_ios
Philo am Gespréich
Philosophie a Relioun
headphones
53 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Philosophie und Kritische Theorie
Mam Nils Köbel, Soziolog a Professer fir Pädagogik ginn d'Problemer mat der sougenannter "instrumenteller Vernunft" nogezeechent an iwwerpréift, ob déi rettend "kommunikativ Vernunft" net just en Idealbild ass.

Philosophie a Medien
Medie si quasi ëmmer present an trotzdeem schwéier ze gräifen.
Philosophie a Relioun
Mam Louis Berger (Redakter vu Kirche & Leben, Münster) schwätzt d’Nora Schleich ë. a. doriwwer, wat Relioun eigentlech ausmécht a wéini den einfache Glawen zur Relioun gëtt.

Philosophie a Politik
D'Politik ass dës Kéier am Studio fir sech philosophesch ze hannerfroen, an dëst a Persoun vu kengem anere wéi dem Jean-Claude Juncker

Philosophie a Schoul
D'Konzept Schoul am Mëttelpunkt: Wat ass Schoul? Wat soll se sinn, huet si ee politeschen Optrag? Oder awer een anthropologeschen?

Philosophie a Konscht
Mat der Nora Wagner, fräischaffend Kënschtlerin, gëtt diskutéiert, wéini et iwwerhaapt ëm Konscht geet, wat dat fir eis bedeite soll an a wéi enge Formen eis eppes als Konscht uschwätze kann.

Philosophie an Natur
Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, gëtt diskutéiert.

Philosophie a Spill
Wat bedeit Spille fir eist Mënsch-Sinn, a wéisou ka behaapt ginn, datt eis Kultur aus dem Spillen entstanen ass? Am Gespréich mam Erik Eschmann, dee faszinant Perspektiven zum Theema Spill matbréngt.
