E Mix aus Electro-Folk, Ambient, Drone, Dub a Spoken Word, bei deem gälesch Folkmelodië mat Beats nei arrangéiert ginn, héiere mir beim Arun Sood an Angeline Morrison hirem gemeinsamen Debut-Album "Donn/Dubh".
Eng intim a réi Mëschung aus Folktronica, Jazz-Elementer a Spoken-Word-änlechem Songwriting proposéiert der Beth Orton hiren neien "The Ground Above", en Disk, deen Enn Juni erauskoum.
Ausléiser fir der Anne Paceo hiren neien Album "Atlantis" war - esou heescht et - eng Taucherfarung vun der Artistin a Portugal. Dës hätt si dozou inspiréiert Klang a Bewosstsinn nei ze denken. Et geet ëm d'Welt ënner Waasser, ëm de Mythos vun Atlantis ... De 16. Juli wäerte mir déi seele Méiglechkeet kréien déi franséisch Batteuse a Komponistin live am Amphitheater zu Wolz ze gesinn. Eng interessant musikalesch Rees, déi Dir net verpasse sollt!
Waarm Grooven, Aflëss aus Brasilien, der Karibik an Afrika, de 6. Studioalbum "Philantropiques" vum franséische Beatmaker a Produzent Guts ass irresistibel. An och hei ass dës Pärel an der Zesummenaarbecht mat internationale Gaaschtmuseker entstanen. Zesumme si mir einfach besser.
Dem Quentin Dujardin säin Album "Saison Orange" ass en Hommage un déi klassesch Gittar mat Nylon-Säiten. De belsche Gittarist gëllt als en aussergewéinlecht Talent, dat ëmsou méi glänzt duerch d'Kollaboratioun mat deene Leit, déi hien ëmginn. Beim Titel "Epiphytes" héiere mir de Manu Katché, Nicolas Fiszman, Didier Laloy & Mathias Eick.
Och beim Album "Africa Express Presents … Bahidorá" geet et ëm d'Konzept vun der Zesummenaarbecht an der Musek, an d'Grenzen - ob Geographescher, tëschent de Genren oder Generatiounen - ze iwwerwannen. Mir ginn déi spannend Geschicht gewuer, wéi a wou de Projet Africa Express hierkënnt ...
Playlist:
01. Arun Sood & Angeline Morrison - A Rìbhinn a Bheil Cuimhn - Donn/Dubh
02. Beth Orton - The Ground Above - The Ground Above
03. Sandra Nkaké - I Miss My Land - Mansaadi
04. Anne Paceo - Mantha - Atlantis
05. JUICY - Over My Shoulder (Live Session)
06. Flying Horseman - Set Reset / Where Do You Live - Mothership
07. Guts - Já Não Há Mais Paz (feat. Catia Werneck) - Philantropiques
08. Sérgio Mendes Trio - Reza - In the Brazilian Bag!
09. Quentin Dujardin - Epiphytes (feat. Manu Katché, Nicolas Fiszman, Didier Laloy & Mathias Eick) - Saison Orange
10. Africa Express - Invocation feat. Onipa, Jupiter & Okwess, Otim Alpha, Damon Albarn & Joan as Police Woman
11. Dandara, Chakib Bouzidi & G. Zamora - Se Ve - &Chakib
12. Zé Ibarra - Da Menor Importância - AFIM