Den ëmstriddenen Deal tëschent den USA an der EU iwwer Douanestaxen ass eng Etapp weider nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn. D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst nogebessert ginn, an huet sech um Enn domat duerchgesat. Den Deal soll ëmgesat ginn, allerdéngs ënner bestëmmte Konditiounen. Wéi eng sinn dat? An ass deen Accord, dee virgesäit, datt fir d’USA europäesch Douanestaxen gréisstendeels ewech falen, elo besser? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.