D’Energiekris a wéi an der Europäescher Unioun soll dorop reagéiert ginn - dorëms geet et haut a muer op engem informellen EU-Sommet op Zypern.
D’Staats- a Regierungscheffe wäerten als éischt d’Mesuren ënner d’Lupp huelen, déi d’Europäesch Kommissioun gëschter proposéiert huet.
De Krich am Iran an d’Hëllef fir d’Ukrain si weider Sujeten um Ordre du jour an den zukënftegen EU-Budget, bei deem Lëtzebuerg eng schwiereg Positioun wäert hunn.