Klassik Album vun der Woch
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
8 min
Aendokter a Komponist
Wien online no “John D. Gottsch” sicht, entdeckt, datt et ee Komponist mat deem Numm gëtt, an och een Aendokter. No e bësse Recherche stellt een da fest, datt dat eng an déi selwecht Persoun ass. Medezin huet de Gottsch net iergendwou studéiert, mee ënner anerem op der John Hopkins University School of Medicine. D’Spidol zu Baltimore am US-amerikanesche Staat Maryland ass ee vun de bekanntsten an Amerika, an zemools bekannt fir seng Fuerschungen.
Krokodillen an d’Natur vu Florida
Den John D. Gottsch koum zu New Orleans am US-amerikanesche Staat Louisiana op d’Welt, an ass kuerz drop mat senger Famill a Florida geplënnert. Do huet hien als Kand vill Zäit dobausse verbruecht. Hie wier mat Krokodille geschwommen an hätt awer och ëmmer erofgekuckt, fir sécher ze goen, datt keng Klapperschlaangen ënnerwee sinn. De Gottsch war also definitiv e Kand mat vill Courage an Entdeckungsfreed. Well hien esouvill an der Natur ënnerwee war als Kand, huet hien och eng déif Léift fir d’Schéinheet vun der Natur a vum “Wildlife” vum Florida-Staat entwéckelt.
Cineastesch a grouss Klangwelten
Wann ee seng Ae beim Nolauschteren zoumécht, mengt ee bal et wier een an engem grousse Kinossall - de Founders Trio spillt dem Gottsch seng Wierker voller Freed a Fonken. Egal wéi eng Natur de Gottsch a senger Musek erëmspigelt, et klengt ëmmer alles ganz cineastesch an no grousser wäiter Natur. Et ass definitiv Musek, bei där ee bal Héngerhaut kritt. Dem Gottsch seng Musekssprooch gouf och scho verglach mat där vun anere grousse Komponiste wéi John Williams an Erich Wolfgang Korngold - alle béid si jo weltberüümt fir hir Filmmusek. De Gottsch bréngt et och fäerdeg, e Gefill vu cineastescher Musek ze ginn.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel