arrow_back_ios
Klassik Album vun der Woch
Eng gelongen Transparenz
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Mat sengen Opname vum Pjotr Iljitsch Tschaikowski senge Sinfonien Nummer 5 a 6 probéiere sech den Dirigent Markus Poschner an den Orchestra della Svizzera italiana vun deene sëllegen aneren um Marché ofzesetzen. Hiert Rezept: eng transparent (wéi si selwer schreiwen "kammermusikalesch") Approche, déi d'Nuancen an d'Detailer vum Komponist senger Musek an de Vierdergrond stellt. D'Resultat gëtt hinnen an hirer Approche Recht, mengt de Luc Boentges.
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges