Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe an ass mat enger Fläch vun nëmme ronn 100 Quadratkilometer ee vun de klengste britteschen Iwwerséigebidder. Haut liewen do nach ongeféier 5.000 Mënschen.
Montserrat gëtt dacks als “The Emerald Isle of the Caribbean“ bezeechent. Dat kënnt net nëmme vun der aussergewéinlech grénger Vegetatioun, mee och vun der staarker irescher Prägung. Schonn am 17. Joerhonnert hu sech vill iresch Siidler op der Insel niddergelooss. Bis haut gëtt de St. Patrick's Day op Montserrat gefeiert – eng Eenzegaartegkeet an der Karibik. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Arlette Fenton an der Ingrid Baumann Ostermaier.