Dës Kéier geet et an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner. D’Haaptstad ass Port of Spain, déi gréisste Stad ass awer Chaguanas.
D’Land ass bekannt fir seng aussergewéinlech kulturell Diversitéit: afrikanesch, indesch, europäesch an aner Aflëss prägen d’Gesellschaft, d’Reliounen, d’Kichen an d’Musek. Trinidad an Tobago gëllt als Gebuertsplaz vu Calypso, Soca an der Steelpan. Säi Karneval zielt zu de spektakuläersten op der Welt. Nieft senger räicher Kultur begeeschtert d’Land och mat tropescher Natur, Reebëscher, Mangroven a Koralleriffer.