Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei. D’Land um Schwaarze Mier verbënnt osteuropäesch, slawesch an orientalesch Aflëss a kann op eng laang a komplex Geschicht zeréckblécken. Mat eiser Rees entdecke mir net nëmmen d’Haaptstad Sofia, mee och Plaze wéi Plovdiv oder d’Küst um Schwaarze Mier.
Mir schwätzen iwwer Traditiounen, orthodox Kultur, Musek a Folklore, mee och iwwer d’Liewen tëscht Vergaangenheet a moderner europäescher Gesellschaft. Natierlech dierf och déi bulgaresch Kichen net feelen – vu Shopska Zalot iwwer Banitsa bis bei de Rakija. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Ivelin Mičev, Antoniya Argirova, Katrin Djaber, Sophia Stoilova.