Déi nei däitsch Regierung wëll méiglecherweis d’Kontrollen op den däitsche Grenze weider verschäerfen. Dat koum zu Lëtzebuerg bekanntlech net gutt un. Lëtzebuerg hofft op d’Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kommissioun. Dat hat den Innenminister Léon Gloden en Dënschdeg am 100,7-Interview gesot.
Grenzkontrolle kéinte just zwee Mol verlängert ginn. Dat wier esou am Schengen-Kodex virgesinn, huet den CSV-Politiker preziséiert. Mee stëmmt dat esou? Wat genee gesäit de Kodex vir? Explikatioune vum Danièle Weber.