700 Milliounen Euro Strof mussen d’Konzerner Apple a Meta zesumme bezuelen, well se sech um digitale Maart net un EU-Gesetzer halen. Dat huet d’Europäesch Kommissioun gëschter (23.4.) matgedeelt.
D’Enquêtë géint déi amerikanesch Entreprise lafe schonn eng Zäit an et war ongedëlleg op déi Decisioune gewaart ginn. Elo komme se zu engem brisante Moment - matten am Handelssträit tëschent der EU an den USA.
Dat eent huet näischt mat deem aneren ze dinn - huet et gëschter vun der Europäescher Kommissioun geheescht. Ass dat plausibel? An: Wat genee reprochéiert d’EU Apple a Meta?
Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber