Europa Aktuell
Fëmmen: Keng nei Verbueter zu Lëtzebuerg virgesinn
5 min
D’EU-Länner recommandéiere méi streng Reegele fir d’Net-Fëmmerte méi staark ze protegéieren. An hire Recommandatioune gi Mesuren opgezielt, déi staark ëmstridde sinn, zum Beispill E-Zigaretten an d’Fëmmverbueter ophuelen oder awer géint Passiivt Fëmmen dobausse virgoen - a Fëmmen net nëmmen op Spillplazen, a Piscinnen am Fräizäit-Park oder op Bus-Arrêten an allgemeng verbidden - mee och op Terrasse vu Restauranten oder Caféen. Den Text, deen adoptéiert gouf, ass net verflichtend a Lëtzebuerg huet och net wëlles, direkt Konsequenzen doraus ze zéien.
Presentéiert vum
- Daniele Weber