arrow_back_ios
Europa Aktuell
Neit EU-Gesetz géint Ofholze vu Bëscher kéint verluecht ginn
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Ee vun den éischten Dossieren, mat deem de Lëtzebuerger Christophe Hansen als EU-Agrar-Kommissär op d’mannst zum Deel beschäftegt wier - dat ass dee vum ëmstriddenen Reglement iwwer d’Deforestatioun: Do geet et drëm, illegaalt Ofholze vu Bëscher ze verhënneren. Verschidde Länner a Parteie fuerderen nämlech, datt déi nei Reegelen elo net sollen, wéi ofgemaach, den 1. Januar d’nächst Joer a Kraaft trieden.
Iwwerdeems reprochéiert de Christophe Hansen selwer der Kommissioun, si géif hei net virumaachen.
mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber