Dagdeeglech
Virun 146 Joer ass de Jean Ulveling gestuerwen
2 min
De Lëtzebuerger Staatsbeamten, Politiker an Historiker koum den 3. Abrëll 1796 zu Nidderwolz op d‘Welt. A senger laanger berufflecher Karriär war hie Minister fir Finanzen, fir Gemengewiesen a fir den Interieur. De Jean Ulveling war och Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, Deputéierten an der Chamber an och Member vum Staatsrot. An hien huet eng Rëtsch Publikatiounen erausbruecht mat Réckblécker iwwer déi politesch Situatioun vun där Zäit wéi och iwwer d‘Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg.