Gebuer de 26. Juli 1903 zu Lëtzebuerg ass de Charles Marx a jonke Jore scho politesch aktiv, engagéiert sech an der Jeunesse socialiste an trëtt 1921 de Kommuniste bäi. Zu Stroossbuerg a Paräis Medezin studéiert, gouf hie Gynekolog a Chirurg mat der Spezialiséierung fir Mooperatiounen. 1936 léisst hie sech zu Ettelbréck nidder a baut déi al Ettelbrécker Klinick zu senger Privatklinick ëm. Mam Ufank vum Zweete Weltkrich flücht hie virun de Nazien a Frankräich. Nom Krich nees zeréck am Land gouf hien op der Lëscht vun der KPL an d‘Chamber gewielt a gouf an der Regierung vun der Nationaler Unioun Gesondheetsminister.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 80 Joer stierft de Charles Marx
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min