14,11 Kilometer war se laang, d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, déi den 2. Mee 1948 zougemaach gouf. 1886 per Gesetz gegrënnt, goung se den 9. Abrëll 1889 op. Am Ufank gouf, wéi och fir déi aner Schmuelspuerbunnen, fir d'Stréck Dikrech-Veianen vum Jangli geschwat, genannt gouf se awer "Benni". Am Zweete Weltkrich vun der Deutsche Reichsbahn exploitéiert, sollt dunn awer kuerz duerno, d. h. haut virun 78 Joer, Schluss sinn, dat well se net méi rentabel war.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 78 Joer gouf d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min