1991 ass LEADER hei zu Lëtzebuerg gestart. D’Situatioun deemools war eng ganz aner. Déi ländlech Regiounen hate mat Bevëlkerungsréckgang ze kämpfen. Haut si se mat deels staarkem Bevëlkerungswuesstem konfrontéiert an doraus entstinn natierlech nei Erausfuerderungen. Mat LEADER an der Duerfentwécklung ënnerstëtzt de Landwirtschaftsministère Gemengen, Veräiner a lokal Acteure fir partizipativ an innovativ Projeten an de ländleche Regiounen ëmzesetzen. Vun 2028 u steet nees eng nei Fërderperiod virun der Dier.
D’Françoise Bonert, Conseillère am Landwirtschaftsministère an zoustänneg fir de Service vun der ländlecher Entwécklung mat ënner anerem LEADER an Duerfentwécklung, gëtt Erklärungen dozou.