Insektestierwen dovunner hunn déi meescht scho mol héieren. Hei geet et awer net onbedéngt ëm déi bekannten Hunnegbei, mee éischter ëm hir Cousine d’Solitärbei oder d’Wëllbei, déi net a grousse Kolonië liewen. Awer och ëm all déi aner 6-Beener wéi Päiperleken, Libellen, Käfer a ganz vill anerer. Si leeschten all Dag e ganze Koup Aarbecht fir eis, an dat gratis. Nawell si se déi lescht Joerzéngte staark am Réckgang. Leider maache mir Mënschen hinnen et net ëmmer einfach, woubäi dat guer net esou schwéier wier. Wéi dat geet, gesi mir mam Paul Schmitz, dee fir den Naturpark Our um Projet “D’Naturparken zu Lëtzebuerg - een Insekteräich” schafft.
arrow_back_ios
Biotop
Insektepopulatioune stäerken mam Insekteräichprojet vum Naturpark Our
Lauschteren
play_arrow
Mir mussen d'Insekte schützen (Foto: Bigstock)
headphones
13 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Insektepopulatioune stäerken mam Insekteräichprojet vum Naturpark Our
Wat ass de Projet? Wat ka jidder eenzele fir d’Insekte maachen a firwat si se esou wichteg?
Verzicht op Pestiziden - E Plus fir eis an d‘Natur
Pestizide si Stoffer, déi iwwerall sinn an een Afloss op eis Ëmwelt an eis Gesondheet hunn. Mat klenge Schrëtt kann een awer seng Expositioun reduzéieren.
Geschichteland: Muséeen am Wëlle Westen
D’Muséeën am Wëlle Westen schaffen zesumme fir eng modern kulturell Offer an der Regioun.
Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026
Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
Daucus carota subsp. sativus - Muerten
Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un
No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft
Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen
Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck
Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.
Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang
De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann.
Dréchemaueren zu Lëtzebuerg
Dréchemaueren si stabil Konstruktiounen. Si besti just aus Steng. Et gëtt kee Bëtong verschafft. Se ze bauen ass e faszinéierend Handwierk. A se si besonnesch Liewensräim.
Huewer: net just Fudder fir Päerd
Huewer gëllt als Superfood. Et ass eng regional Planz, si ass bëlleg a gutt fir eis Gesondheet.
De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem?
De Mëspel: tëschent Mythos a Realitéit - vun der helleger Planz bei de Gëtter bis zur Gefor fir eis Uebstbeem an de Bongerten
LEADER Projet Regional EnergieKooperativ
Zil ass et déi nohalteg Energieversuergung bei de Gemengen an de Bierger:innen ze fërderen.
Eng gutt Aktioun
De 72 Stonne Bam-Planz-Challenge
De Wäert vun engem Bam
De Wäert vun engem Bam kéint net mei villfälteg sinn. E leescht eis ekologesch, ekonomesch a sozial Déngschter, déi net ze ënnerschätze sinn.
Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet
Sujet vun engem Kooperatiounsprojet Projet tëschent der Regioun Mëllerdall a LEADER-Gruppen aus Finnland an Irland.
Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren
E Liewensraum mat enger grousser Schutzfunktioun
LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg
LEADER ass eng EU-Initiativ, déi innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung am ländleche Raum ënnerstëtzt. Si setzt dobäi op regional Zesummenaarbecht an aktiv Biergerbedeelegung.