Wann ee mat oppenen Aen duerch Natur geet, gesäit ee wéi eng Planzen an Déieren eis endlech d‘Fréijoer ukënnegen.
Et gëtt eng ganz Rei Planzenaarten, déi scho ganz fréi am Joer, also elo Enn vum Wanter am Februar ufänke mat Bléien. Si maachen dat an enger Zäit, wou de Mënsch eigentlech nach net un d‘Fréijoer denkt, well et awer nach kal ass oder d‘Deeg nach net schrecklech laang hell sinn.
D’Bëschanemone profitéiere beispillsweis dovunner, dat d‘Beem am Bësch hir Blieder nach net entwéckelt hunn a si domadder gutt vun der Sonn profitéiere kënnen.
Planzen am Gaart wéi d’Schnéigläckelchen oder d’Krokusse suergen dofir, dat déi éischt Insekte wéi d‘Bommele scho mat Zäiten Nektar a Polle fannen.
Och eng Rei Päiperleke si schonn ënnerwee. Ëm dës an aner Déieren- a Planzenaarte geet et an dëser Emissioun.
Mee de Klimawandel huet och Auswierkungen op dës Virgäng an der Natur. Wéi eng dat sinn, gitt Dir an der Emissioun gewuer. Invitée ass d’Doris Bauer vum SIAS-Syndicat intercommunal à vocation multiple.