Mam Fréijoersufank sinn nees méi Leit an der Natur ënnerwee. Vill Leit fannen et dobäi flott queesch iwwer Feld a Wisen ze goen. Dobäi loossen och vill Spadséiergänger hir Muppe fräi lafen. Mee do heescht et opgepasst! Vigel, déi um Buedem bréien, ginn duerch Spadséiergänger a Muppe gestéiert. Et si beispillsweis d’Léierchen, d’Feldhong, de Piwitsch (Kiebitz) oder d’Schwaarzbrëschtchen, déi hir Eeër op de Buedem leeën. Wärend der Bréizäit vu Mäerz bis Juli ass et dofir wichteg, d’Déieren net ze stéieren an op de Weeër ze bleiwen. Dovunner betraff sinn och Huesen oder aner Wëlldéieren.
Déi kritesch Zäit ass vun Mäerz bis Juli.
Donieft maachen Hënn, déi fräi lafen, och de Bauere vill Suergen. Kéi kënnen duerch den Hondsdreck krank ginn. Si huele beim Friesse Parasitte mam Hondsdreck op, dee bei trächtege Kéi dacks zu Doutgebuerte féiert. Och op Méiwisen, wou keng Déiere stinn, lant den Hondskoup letztendlech am Fudder vu Kéi, Schof oder aneren Notzdéieren. De Verloscht vun Déiere bedeit fir de Bauer ëmmer en ekonomeschen an en emotionale Schued. Wann Dir op der Gewan ënnerwee sidd, denkt un d’Baueren, hir Déieren, an un d’Villercher a loosst Äre Mupp net fräi lafen, respektiv bleift wgl. op de Weeër.
Invitée ass d’Jo-Anne Zimmer vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS, Responsabel fir d’Kommunikatioun an d’Ëffentlechkeetsaarbecht.