D’Geschicht vum Päiperlek hu mir mat der klenger Raup Nimmersatt schonn an der Spillschoul kennegeléiert: de Päiperlek leet en Ee, doraus geet déi kleng Raup aus, déi ësst bis se grouss genuch ass, baut dann e Cocon a verwandelt sech an e wonnerschéine Päiperlek. Da geet dat Ganzt erëm vu vir un. Domat ass d’Geschicht vum Päiperlek eriwwer. Oder vläicht awer net? Datt verschidde Päiperleke méi ze bidden hunn, weist zum Beispill den Distelfalter. Wat ass esou extra un dësem Päiperlek? Mam Michelle Clemens vum SIAS - Syndicat intercommunal à vocation multiple
arrow_back_ios
Biotop
Den Distelfalter - e Päiperlek op Rekord-Wanderung
Lauschteren
play_arrow
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Mir ginn eraus mat der Naturverwaltung
Bei dësem waarme Summerwieder zitt et ëmmer méi Leit eraus an d’Natur an eis Bëscher verspriechen Erhuelung vun der Hëtzt.
LEADER ass eng wichteg Initiativ fir ländlech Regiounen
LEADER ass eng europäesch Initiativ, déi zënter 35 Joer innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung a ländleche Regiounen ënnerstëtzt. Momentan gëtt d’Zukunft no 2028 geplangt.
Wéngerten: Liewensraum fir eis Bestëbser
Firwat d’Muselregioun mat hire Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg ass, mee och eng wichteg Roll fir eng ganz Panoplie un Insekten an Déierenaarte spillt.
Fliedermais – Faszinéierend Fluchkënschtler an der Nuecht
Ronderëm d’Fliedermais schwieft schonn zënter ëmmer eng mysteriéis an onheemlech Aura. Mee wat stécht dohannert a wéi gesäit d’Liewe vun enger Fliedermaus iwwerhaapt aus?
Eng aner Vue op d’Natur am Naturschutzzenter Mirador
Am Naturschutzzenter Mirador erliewen d‘Schüler:innen d’Natur duerch eng praxisno an interaktiv Approche.
Green Events
Eventer zu Letzebuerg nohalteg geduecht, geplangt an emgesat, dat ass d’Essenz vu "Green Events“, eng Initiativ vum Ëmweltministère.
Geméis vum Grill
Beim Grillen denkt ee meeschtens u Fleesch. Geméis vum Grill ass eng gesond a frësch Alternativ.
Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen
„The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen“ ass e LEADER-Projet, dee Gemengen derbäi soll ënnerstëtzen, gemeinwohlorientéiert Entscheedungen ze treffen.
Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun
Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.
D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef
Schéin unzekucken awer och immens nëtzlech.
Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum
Als Ergänzung zum LEADER-Programm ënnerstëtzt d’Duerfentwécklung Infrastrukturprojeten, déi der lokal Bevëlkerung ze gutt kommen.
De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul
De Lycée am Fokus: nohalteg - wëssenschaftlech - praktesch
Centre nature et forêt Ellergronn
Fréijoer am Naturschutzgebitt Ellergronn
Libellen: d’Helikopter ënner den Insekten
Libellen esou grouss wéi Falleken, Fangmasken, Paarungsrieder: mir ginn Iech e klengen Abléck an déi skurril Welt vun de Libellen.
Den Impakt vum Klimawandel op d’Planzebiodiversitéit
De Klimawandel verännert Bléizäiten, stéiert d’Zesummespill tëschent Planzen an Insekten a verlaangt méi flexibel Naturschutzaarbecht.
Wéi LEADER Éislek regional Produzenten ënnerstëtzt
Den aktuellen LEADER-Projet vun der Kooperativ „Lokal Produkter va Wëntger".
Insektepopulatioune stäerke mam Insekteräichprojet vum Naturpark Our
Wat ass de Projet? Wat ka jidder eenzele fir d’Insekte maachen a firwat si se esou wichteg?
Verzicht op Pestiziden - E Plus fir eis an d‘Natur
Pestizide si Stoffer, déi iwwerall sinn an een Afloss op eis Ëmwelt an eis Gesondheet hunn. Mat klenge Schrëtt kann een awer seng Expositioun reduzéieren.
Geschichteland: Muséeen am Wëlle Westen
D’Muséeën am Wëlle Westen schaffen zesumme fir eng modern kulturell Offer an der Regioun.