Schlecht Ernärung bleift e wichtegen, awer vermeidbare Risikofaktor fir net iwwerdrobar Krankheeten. Awer d’Mass u falschen Informatiounen am Beräich Ernärung an de Soziale Medie konkurréiert immens mat den Evidenz-baséierten diätetesche Richtlinnen. Dat mécht d’Verstoen an d’Anhale vun dëse Richtlinne fir d’Ëffentlechkeet ëmmer méi schwéier. Mir schwätze mat der Dieteticienne Céline Genson iwwer déi verschidde Strategien, déi déi sougenannt Super-Spreader-Kontoen op Instagramm benotzen, fir falsch Informatiounen iwwer Ernärung méiglechst vertrauenswierdeg wuertwiertlech ze “verkafen“.
Referenzen:
https://faunalytics.org/how-instagram-influencers-spread-nutrition-misinformation/#
https://rootedresearch.co/wp-content/uploads/2025/05/Nutrition-misinformation-in-the-digital-age-Report.pdf