Mat der richteger Zesummesetzung sinn Zoppen e wichtege Bausteen an enger ausgeglachener Ernärung a loosse sech un all Liewensstil upassen. Se sinn ideal fir eng gutt Flëssegkeetsbilanz, liwwere wäertvoll Närstoffer an hëllefen op eng natierlech Aart a Weis d’Kalorienzoufuer ze reguléieren. Zoppe gëtt et vun allen Zorte mat allerlee Bäilagen a si beléift an all Alter.
Fir d’Fréijoer kritt Dir vun der Ernärunsgberoderin Lis Muller e puer Iddie fir saisonal Geméis kreativ a séier zu enger gesonder Zopp ze verschaffen.
Referenzen:
https://www.aprifel.com/fr/article-revue-equation-nutrition/mange-ta-soupe-et-porte-toi-bien/
https://www.health.harvard.edu/nutrition/soup-up-your-meals. (2022)