Deifgefruernt Iessen ass am Alldag wéi e Plang B, deen ëmmer funktionéiert.
Iessen aus dem Tifküler gëllt dacks als ongesond - zu Onrecht. Richteg ausgewielt kann et eng wäertvoll Ergänzung fir eng equilibréiert Ernärung sinn. Duerch dat séiert Afréiere bleiwen am déifgefruerene Geméis vill Närstoffer erhalen, wärend gläichzäiteg d’Liewensmëttelverschwendung reduzéiert gëtt. Entscheedend ass awer d’Qualitéit: Produkter wéi Geméis oder Uebst ënnerscheede sech däitlech vu staark veraarbechte Fäerdegplaten. D’Ernärunsgberoderin Stéphanie Rosquin erkläert, wéi een Iessen aus der Tru sënnvoll asetze kann, wéi eng Virdeeler et offréiert a wourop ee beim Akaf oppasse soll.