Bewosst Gesond
Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025
14 min
Eis Aart a Weis ze iesse gëtt ëmmer méi individuell, nohalteg a méi staark op d’Gesondheet ausgeriicht. Méi planzlech, personaliséiert a bewosst klimafrëndlech, dat ass den Trend vun eisem Iesse fir d’Zukunft.
Nei Technologien an d‘Liewensmëttelindustrie beaflosse och, wat mir iessen, wéi z. B. funktionell Liewensmëttel oder alkoholfräi Alternativen. Wéi mir iessen, ass och en Theema. D’Iessstruktur gëtt méi flexibel, esou ersetzt Snacking ëmmer méi heefeg déi klassesch Moolzechten.
Dann déngt Iessen och derzou eis perséinlech Wäerter auszedrécken, woubäi déi bewosst Ausernanersetzung vun deem, wat mir am Teller hunn am Mëttelpunkt steet.
Am Trendreport Ernärung 2025 goufen 10 Tendenze festgehalen, déi mir ënner d’Lupp huelen, zesumme mat der Ernärungsberoderin Lis Muller.
Presentéiert vum
- Angie Maquil