Bewosst Gesond
Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen
9 min

D’Ernärung am Nepal reflektéiert eng faszinéierend Kombinatioun vun Traditioun, Erausfuerderungen a moderner Entwécklung. Déi traditionell Kichen ass einfach mee närstoffräich, mat Dal Bhat als nationale Plat, deen eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt. Allerdéngs stelle geographesch Konditiounen, Ënnerernärung a Klimawandel d’Land viru grouss Erausfuerderungen.
Zouhuele vum Tourismus an d’Urbaniséierung hunn d’Ernärungsgewunnechte verännert: Fast Food a veraarbecht Liewensmëttel gewannen u Popularitéit, wärend d’Globaliséierung traditionell Platen an de Stied verdrängt. Trotzdeem kënne lokal Liewensmëttel eng wichteg Roll fir d’Ernärungssécherheet spillen. Planze wéi Hirse oder Amaranth, déi besser mat klimateschen Erausfuerderunge kloerkommen, ginn an e puer Regiounen ugebaut a gefërdert. Esou kéinten dës Liewensmëttel d‘Ofhängegkeet vun Importer reduzéieren an d’Ernärungssécherheet verbesseren.
D’nepaleesesch Kiche weist eis, wéi wichteg eng gutt Balance an d’Benotze vu lokale Produkter ass - eppes wat och zu Lëtzebuerg vu groussem Wäert kéint sinn.
D'Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin ass zanter gëschter eréischt erëm vun enger spannender Rees am Nepal, wärend där si sech fir d'Ernärung am Nepal besonnesch interesséiert a recherchéiert huet.
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?
Zockeralternative wéi Hunneg, Agavendicksaft a Bierkenzocker hunn hir Vir- an Nodeeler. Och wa se méi gesond wierken, hu se dacks ähnlech vill Kalorien, wäit Transportweeër oder aner Nodeeler.

Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025
200 Experten aus Wëssenschaft a Praxis hunn am Hierscht 2024 d’Entweckung am Beräich Ernärung vun eisen däitschen Nopere fachlech analiséiert.

Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?
Natürlich sind sie in aller Munde: Ultra-verarbeitete Lebensmittel. Diese durchlaufen viele Produktionsprozesse und enthalten viele Zusatzstoffe. Studien zeigen dass ein hoher Konsum die Gesundheit schädigen kann. Warum ?

Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?
Den Daarmmikrobiom, ass e komplexen Ökosystem deen aus 100.000 Milliarde Mikroorganisme besteet, an eng zentral Roll fir eis Gesondheet spillt. Wéi awer beaflosst d'Ernärung d'Zesummesetzung an d'Funktioun vum Mikrobiom?

Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen
Dal Bhat ass hiren nationale Plat, wat eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt.

Comfort food, Alimentation réconfortante
Iessen, fir sech wuelzefillen - Mindfull eating

Aktuell Ernärungstrends
Mir diskutéieren iwwer de Stellewäert vun den aktuellen Ernärungstrends bei jonke Mënschen.

Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie
De Fokus soll op enger bewosster Auswiel vu Liewensmëttel leien, well all Kierper eenzegaarteg op Kalorië reagéiert.

Schwaarzt a gréngt Gold
Olive fir d'Gesondheet

D'Bekämpfung vun den Antibiotique-Resistenzen zesumme mat der ALVA
Sensibiliséirungwoch 18.-24. November 2024, fir e gudde Gebrauch mat Antimikrobe-Medikamenter

Den Immunsystem mat der richteger Ernärung stäerken
Déi richteg Ernärung liwwert wichteg Närstoffer fir e staarken Immunsystem. Vitaminnen, Mineralstoffer a gesond Daarmbakterien hëllefen, Infektiounen ofzewieren an de Kierper widderstandsfäeg ze halen.

Wat bedeit d'Rekommandatioun: Fënnef Portiounen den Dag
Wéi kéint dat konkret ausgesinn, wann ee fënnef Portiounen Uebst a Geméis an engem Dag abaut?

Hierschtblues an d'Ernärung
Kann een duerch d'Ernärung déi méi depressiv Stëmmung an de Wanterméint virbeugen?

75 Joer École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
En Interview mam Direkter vun der EHTL

Revisioun vun de politesche Fuerderunge vu Foodsharing Luxembourg
Liewensmëttelverloschter a -verschwendung bleiwen ee vun dee gréisste Problemer, déi eis modern Gesellschaft ugoe muss.

Wisou ass en gemeinsamt Familljeniessen esou wichteg?
Eng ganz Rëtsch vu wëssenschaftlechen Etüde weisen, dass zesummen Iesse méi ass wéi nëmmen d'Erfëlle vun den alldeegleche Besoinen.

Waasserkefir
Am Handel fënnt een ëmmer méi sougenannte pro-biotesch Produiten.Mëllech-Kefir, Kombucha ma och Waasserkefir ass e pro-biotescht Gedrénks, a vun deem huele mer haut eng Schlupp.

Am léifste Pasta, an am léifsten al dente!
Mee wéi gesond sinn Nuddelen eigentlech?

Liewensmëttelverschwendung
Liewensmëttelverschwendung ass e grousst a wichtegt Theema. Dest eethesch, wirtschaftlech an ökologesch gesinn ass se ganz problematesch.
