D‘Ausso “Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie“ weist drop hin, datt d'Qualitéit an awer och d’Hierkonft vun der Kalorie e wesentlechen Afloss op de mënschleche Kierper hunn. Obwuel eng Kalorie technesch gesinn eng Eenheet fir Energie ass, verschafft eise Stoffwiessel Kalorien aus ënnerschiddleche Liewensmëttel op villfälteg Aart a Weis. Den Ursprong vun de Kalorien - ob aus Zocker, Fetter, Proteinen oder Ballaststoffer - beaflosst net nëmmen eis d’Gefill sat ze sinn, mee och den Energieverbrauch, d'Fettspäicherung an d'Hormonregulatioun. Einfacht Kalorienzielen geet dacks net duer fir laangfristeg e gesond Gewiicht ze halen oder d‘Gesondheet ze fërderen. Och soll ee bedenken, datt all Kierper an all Stoffwiessel anescht funktionéiert a Kalorien op seng eege Manéier veraarbecht. Mir sinn all eenzegaarteg. Et geet also vill méi drëm, Liewensmëttel bewosst auszewielen an ze verstoen, wéi se op de Kierper wierken. Mat der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
arrow_back_ios
Bewosst Gesond
Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?
HiPro-Produkter sinn iwwerall ze fannen, awer dacks deier an net onbedéngt néideg.

Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren
Fermentatioun- eng ural Konservéierungsmethod déi sech zu engem Trend fir d’Zukunft entwéckelt

Animal Health Law / Loi Santé Animale
Déierekrankheeten: Aktuell Situatioun national an international

D‘Kraaft vun der Meditatioun
Wat ass den Impakt vu reegelméissegem Meditéieren op eis Gesondheet a Wuelbefannen?

Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?
Zockeralternative wéi Hunneg, Agavendicksaft a Bierkenzocker hunn hir Vir- an Nodeeler. Och wa se méi gesond wierken, hu se dacks ähnlech vill Kalorien, wäit Transportweeër oder aner Nodeeler.

Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025
200 Experten aus Wëssenschaft a Praxis hunn am Hierscht 2024 d’Entweckung am Beräich Ernärung vun eisen däitschen Nopere fachlech analiséiert.

Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?
Natürlich sind sie in aller Munde: Ultra-verarbeitete Lebensmittel. Diese durchlaufen viele Produktionsprozesse und enthalten viele Zusatzstoffe. Studien zeigen dass ein hoher Konsum die Gesundheit schädigen kann. Warum ?

Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?
Den Daarmmikrobiom, ass e komplexen Ökosystem deen aus 100.000 Milliarde Mikroorganisme besteet, an eng zentral Roll fir eis Gesondheet spillt. Wéi awer beaflosst d'Ernärung d'Zesummesetzung an d'Funktioun vum Mikrobiom?

Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen
Dal Bhat ass hiren nationale Plat, wat eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt.

Comfort food, Alimentation réconfortante
Iessen, fir sech wuelzefillen - Mindfull eating

Aktuell Ernärungstrends
Mir diskutéieren iwwer de Stellewäert vun den aktuellen Ernärungstrends bei jonke Mënschen.

Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie
De Fokus soll op enger bewosster Auswiel vu Liewensmëttel leien, well all Kierper eenzegaarteg op Kalorië reagéiert.

Schwaarzt a gréngt Gold
Olive fir d'Gesondheet

D'Bekämpfung vun den Antibiotique-Resistenzen zesumme mat der ALVA
Sensibiliséirungwoch 18.-24. November 2024, fir e gudde Gebrauch mat Antimikrobe-Medikamenter

Den Immunsystem mat der richteger Ernärung stäerken
Déi richteg Ernärung liwwert wichteg Närstoffer fir e staarken Immunsystem. Vitaminnen, Mineralstoffer a gesond Daarmbakterien hëllefen, Infektiounen ofzewieren an de Kierper widderstandsfäeg ze halen.

Wat bedeit d'Rekommandatioun: Fënnef Portiounen den Dag
Wéi kéint dat konkret ausgesinn, wann ee fënnef Portiounen Uebst a Geméis an engem Dag abaut?

Hierschtblues an d'Ernärung
Kann een duerch d'Ernärung déi méi depressiv Stëmmung an de Wanterméint virbeugen?

75 Joer École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
En Interview mam Direkter vun der EHTL

Revisioun vun de politesche Fuerderunge vu Foodsharing Luxembourg
Liewensmëttelverloschter a -verschwendung bleiwen ee vun dee gréisste Problemer, déi eis modern Gesellschaft ugoe muss.
