Heiansdo, wann ee vun engem Familljeniessen zeréckkënnt, fillt ee sech, wéi wann engem d'Energie ausgesuckelt gi wier. Oder heiansdo ass ee sech beim daten net sécher, wou een drun ass mat där anerer Persoun. Oder et ass ee mat enger Persoun befrënnt, awer et spiert sech net richteg un.
An deene Situatiounen ass et interessant sech d’Fro ze stellen: Wat geschitt an enger Bezéiung um Niveau vun der Dynamik?