Mir schwätze mam Sascha Lang, Agent de Communication a Member vun der Unité PAN am Familljeministère, iwwer eng nei europäesch Initiativ, déi d'Liewe vu Mënsche mat enger Behënnerung méi einfach maache soll: d'European Disability Card, also d'europäesch Kaart fir Mënsche mat enger Behënnerung.
D'Kaart soll et erlaben, eng Behënnerung an allen EU-Memberstaaten op eng einfach a standardiséiert Aart nozeweisen. Dat ass besonnesch wichteg fir Leit, déi reesen oder sech soss kuerzfristeg an engem anere Land ophalen.