Lëtzebuerg bitt op klengem Raum eng ganz Rei vu geologeschen Highlighten. Besonnesch interessant ass eng ganz bestëmmte Gestengsschicht am Süde vum Land: de sougenannten Uelegschifer. Dës Schicht ass e reegelrecht Lager fir Fossilien a konservéiert eng helle Wull un Informatiounen aus dem Jura, méi genee aus der Zäit vu viru ronn 180 Millioune Joer. Well dës Zäit international grad vill Opmierksamkeet op sech zitt, komme Mëtt Juni Wëssenschaftler:innen aus aller Welt am Naturmusée zesumme fir sech iwwer déi aktuell Fuerschung zu deem Theema auszetauschen.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté