Den Autopilot op d’Schëff schécken an Zefriddenheet am Alldag fannen. Achtsamkeet am Alldag dierf och ganz einfach sinn. Manner nodenken a méi am Hei an Elo bleiwen.
An dëser Episod erkläert d’Véronique Freyer vum KJT e puer Impulser déi weisen, wéi kleng Momenter eng grouss Wierkung kënnen entfalen.
De KJT (Kanner-Jugendtelefon) steet mat Berodung de Kanner a Jugendlechen zur Säit. Hei kënne si uruffen oder am Chat no Hëllef an Ënnerstëtzung froen. D’Nummer vum KJT ass den 116 111 oder online www.kjt.lu.