De 16. Mee invitéiert de CID | Fraen an Gender (www.cid-fg.lu) Iech ee feministesche Bléck op ausgewielte Biller vun der renomméierte Fotografin Linsey Addario ze geheien. Am Kader vun enger Visite guidée duerch d’Fotoausstellung “Women in War“ am Nationale Resistenzmusée zu Esch, gëtt ee gendersensibele Fokus op Krich - a Konfliktsituatioune geluecht. Theeme wäerte sinn: D’Ursaache vu Vergewaltegung als Krichswaff, d’Bedeitung vun enger feministescher Aussepolitik an Iwwerleeungen zu engem feministesche Friddensbegrëff. Sidd Dir interesséiert? Da mellt Iech wgl. ënner info@cid-fg.lu un. Et geet um 16:00 Auer lass. D’Visitt ass op Lëtzebuergesch.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté