All Joer ass d’EwB mat hirem Bicherzelt zur Oktavzäit vertrueden. Dëst Joer steet d’Zelt an neier Form um Knuedler, matten um Mäertchen. D’Bicher spillen an der EwB zanter der Grënnung eng zentral Roll - an dofir steet och dat beléifte Bicherzelt. D’Kuratioun vun de Bicher gëtt vun de Membere vun der EwB gemaach, esou datt sech d’Programmatik, d’Wäerter an d’Interessie vun der EwB an den Titelen erëmspigelen.
Et ass och keen Zoufall, datt d’Bicherzelt vun der EwB esou prominent gouf; de Grënner Jean Leyder hat do viru gutt 50 Joer ee ganz eegent Uleies: Bicher sinn do, fir Dieren zu Welten opzemaachen, duerch déi ee goe kann, awer net muss - et ass déi eegen Decisioun.
Explikatioune mat der Direktesch vun der EwB Nora Schleich
Event:
D’Ouverture vum Zelt ass de 25.04., et ass all Dag (12:00-17:00) op. Weekends vun 10:00-18:00). Den 10.05. ass de leschten Dag.
(https://ewb.lu/event/ewb-bicherzelt)