+/- 20kg ass de Rekord fir dee schwéierste Som an der Planzewelt an e gehéiert enger Palm, der Lodoicea maldivica. D'Bezeechnung am Volleksmond ass Coco de mer oder Coco fesses (wéinst hirer markanter Form). Dës Palm ass endeemesch op e puer Inselen am Indeschen Ozean, awer net op de Malediven. Do gouf de Som just ganz dacks ugeschwemmt a laang Zäit war net gewosst, vu wéi enger Planz de Som hierkënnt. E liewensfäege Som vun der Coco de mer ass vill ze schwéier a geet ënner. De Coco de mer wiisst just op de Seychellen Inselen, 2.100 Kilometer vun de Malediven ewech. Een Exemplar ass am Naturmusée ze gesinn.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté