Wat ass dat fir eng Plattform a wou laueren d'Risiken? Souwuel fir d’Content Creators wéi och fir déi, déi de Contenu kucken. D’Plattform gëtt gär vu ville jonke Frae genotzt, se gëtt hinnen eng Illusioun vun Erfolleg a Fräiheet, mee kann awer och zu psychescher Belaaschtung a Suchtverhale féieren. Wéi den exzessive Konsum vum Contenu vun Onlyfans zu onrealisteschen Erwaardungen u Bezéiungen a Sexualitéit feiere kann a wéi wichteg et ass, sech den Auswierkunge bewosst ze sinn a wann néideg professionell Hëllef ze sichen, erkläert d'Psychologin Charlotte Pull vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV).
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil