Als Member vun Hands On! - International Association Of Children In Museums an ausgezeechent mam Label Home of 21st Century Education - leet de Kannermusée Plomm grousse Wäert op deen aluedenden, interaktiven Aspekt vu senger Offer. Andeems d’Offer einfach an accessibel ass, d’Kanner spilleresch mat alle Sënner léieren an als engagéiert Bierger:inne vu muer am intergenerationellen Dialog stinn a gehéiert ginn, solle sech d’Kanner wéi doheem fillen. Op an den Ausstellungen oder an den Atelieren - iwwerall gëtt et Neies ze entdecken an auszetesten. D’Visitten an d’Ateliere ginn duerch d’Mediatioun op de jeeweilege Public ugepasst. Duerch dëse Kader an déi interaktiv Elementer versicht de Kannermusée de Kanner an hire Begleetpersounen een eenzegaartegt Erliefnis ze erméiglechen. Explikatioune vun der Directrice vum Musée, der Manon Eicher
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
PLOMM Kannermusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil