D'Fro, wéi al e Kand sollt sinn, fir en Handy ze hunn, gëtt vill an de Consultatiounen opgeworf, an de Berodunge bei der Erzéiungs- a Familljeberodung.
D’Meenunge wéini deen Zäitpunkt soll sinn an och den Zäitmanagment, wéi laang e Kand soll um Handy sinn, ginn ausernaner a gi verschidden och mat ënnerschiddlechen Argumenter duergeluecht. Munch Kanner kréie scho ganz fréi en Handy, aner kréien deen eréischt am Teenageralter. Wéi d‘Ekipp d‘Elteren an de Berodunge beréit, dat erkläert d‘Natascha Salomon, Psychologin bei der Erzéiungs- a Familljeberodung.